LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 1“New York, New York”

Réalisatioun: Loïc Tanson

Episod: “New York, New York” (17.06.2018)
D’Magali, eng 37 Joer al Lëtzebuerger Dänzerin, déi zu Paräis lieft a schafft, well et nach eemol wëssen.

Virun 18 Joer ass d’Magali vu Bouneweg op Paräis ausgewandert fir säin Dram ze liewen. Zenter hier stoung déi professionell Dänzerin op de verschiddenste Bühnen vun Europa an huet seng eegen Danz- a Gesangstrupp gegrënnt. Mat 37 Joer, trotz enger Verletzung déi net heelt, wëll d’Magali et awer nach emol wëssen, sech weider entwéckelen, an et och als Sängerin packen. Vu Paräis iwwer Mamer bis op New York, stellt d’Magali säi Privat-liewen an den Hannergrond, an investéiert all Minutt a seng ganz Energie fir sengem Zil méi no ze kommen.



Iwwert de Loïc Tanson

De Loïc Tanson schléisst 2005 säi Studium um Institut Européen du Cinéma et de l’Audiovisuel a Frankräich of, éier hien zesummen mam Thierry Besseling 3 Kuerzfilmer («Laaf», «Le Faux Départ», «Sur le Fil») schreift a realiséiert. Zesummen mam Rui Eduardo Abreu a mam Thierry Besseling verfilmt hien d’Hoffnungen an d’Desillusioune vu véier portugiseschen Immigréierten iwwert eng Period vun dräi Joer zu Lëtzebuerg am  Dokumentarfilm «Eldorado» deen 2016 an de Kinoen erauskoum. Am Ament, schreift de Loïc Tanson zesummen mam Dréibuchauteur Frédéric Zeimet an dem Poduzent Claude Waringo (Samsa Film) u sengem éischte Fictiouns Long-Métrage. Zënter 2008 ass de Loïc Tanson och als Filmkritiker op RTL Télé Lëtzebuerg aktiv an animéiert d’Emissioun «Review - De Kritesche Kinosmagazin».