Success Story 2018

An der Success Story siche mer no de beschten neie Geschäftsiddien. 20 Kandidate si fir de Pitch virun der Jury zougelooss, awer nëmmen 8 vun hinne packen et an d’Finale. Si kréien individuell Challengë mat op de Wee, fir hir Projeten op de Punkt ze bréngen a wäerten dës an der Finale presentéieren. Déi 3 Gewënner kréie jiddereen ee Joer laang gratis e Lokal am 1535°, dem creative hub vun der Stad Déifferdeng, zur Verfügung gestalt. Zousätzlech gëtt et e klengt Startkapital. D‘Jury besteet aus de 4 Experten Joubin Bashiri (Partner bei Tenzing-Partners), Tania Brugnoni (Directrice vum creative hub 1535°), Christophe Folschette (Matgrënner vun Talkwalker) a Carole Müller (administrateur déléguée Fischer S.A.).