LU FR

Hei geet et ëm de Max (Tommy Schlesser), e jonke Schauspiller, dee vu senger Fra dem Sophie (Hana Sofia Lopes) verlooss gouf.

Nodeems d'Sophie erausplënnert, ass de Max verzweiwelt an depriméiert. Well hien de Loyer net bezuele kann, muss hie sech wuel oder iwwel op d'Sich no Sous-Locataire maachen, mat deenen hien déi verschiddenst a skurrilst "Aventuren" erlieft

Elo am Replay: Nei Sitcom op RTL"Zëmmer ze verlounen" Episod 2: Philippe - Den Dokter

Vum 11. September u weist RTL Lëtzebuerg déi nei Sitcom "Zëmmer ze verlounen", dat all Dënschdeg um 20 Auer.



"Zëmmer ze verlounen" ass eng Produktioun vu Calach Films mat der Ënnerstëtzung vum Film Fund Luxembourg an RTL Lëtzebuerg.

Episod 2: Philippe
Zëmmer ze verlounen: Episod 2 - Philippe (14.09.2018)
De Max muss sech op seng Roll als Dokter an enger Serie preparéieren. Dat ass och de Grond, wisou hien e Medezin-Student als neie Colocataire auswielt.


De Max muss sech op seng Roll als Dokter an enger Serie preparéieren. Dat ass och de Grond, wisou hien de Philippe, e Medezin-Student, als neie Colocataire auswielt. Ma de Philippe huet awer aner Interessen: Meedercher an Autozäitschrëften. Donieft gesäit de Philippe Blutt guer net gären.

Da Max muss also säin neie Colocataire forcéieren, fir sech méi fir seng Couren z'interesséieren. A grad, wéi si am Gaange waren, fir eng Prüfung ze léieren, an de Ketchup als Blutt-Ersatz genotzt hunn, klappt natierlech de Proprietär vun der Wunneng un der Dier...

Episod 1: Henri
Zëmmer ze verlounen: Episod 1 - Henri - De Psychiater (11.09.2018)
Nodeems de Max vu senger Fra Sophie verlooss gëtt, weess hien net méi, wéi hien de Loyer bezuele soll...


Nodeems de Max vu senger Fra Sophie verlooss gëtt, ganz verzweiwelt ass an ausserdeem net méi weess, wéi hien de Loyer bezuele soll, hëlt hien de Henri als Sous-Locataire bei sech op. Keng immens gutt Iddi, well den Henri, dee seng Fra virun d’Dier gesat huet, ass e richtege Souerpitti. Amplaz dem Max professionell Hëllef ze ginn, tiermt hien iwwert säin eegent Leed.

Iwwerdeems muss de Max verhënneren, datt de Proprietär gewuer gëtt, datt d’Sophie erausgeplënnert ass. D’Valerie versicht, fir him ze hëllefen, mécht awer alles just nach méi schlëmm.